
Den 13. Januar konnt si op der Stater Gare an där zu Esch all Kéier e Kokain-Dealer festhuelen, dee sech mat engem Client getraff hat. Do goufe 40 Gramm Kokain, Boergeld an Handye sécher gestallt.
Am Raum Miersch konnt den Dag drop eng Persoun, bei där sech de Verdacht op Drogenhandel no Ermëttlunge confirméiert hat, op frëscher Dot gestallt ginn. Bei der spéiderer Perquisitioun am Haus an am Auto goufen 125 Gramm Kokain an eng gréisser Zomm Sue fonnt.
Vun e Freideg 15. op e Samschdeg 16. Januar konnt d'Police vun der Stater Gare mat Hëllef vun ermëttlungstechnescher Ënnerstëtzung duerch d'Police criminelle zwee presuméiert Drogekuréier aus Holland an e presuméierten Drogendealer vu Lëtzebuerg am Bouneweger Quartier festhuelen. Beim Zougrëff op der Adress, wou d'Iwwergab sollt sinn, hat ee vun den Drogekuréier versicht, sech ewechzemaachen. Hie war an d'Gebai geflücht an hat sech am Souterrain verstoppt, konnt do awer festgeholl ginn. Den zweete Kuréier gouf virum Gebai festgeholl. Bei der Fouille goufen 100 Gramm Kokain an eng gréisser Zomm Sue séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen déi 3 Verdächteg festgeholl, d'Drogen an d'Suen, sou wéi den an Holland immatrikuléierten Auto séchergestallt.
En Donneschdeg konnten am Nomëtteg 3 Männer ermëttelt ginn, nodeems e Bierger der Police gemellt hat, dass en an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier an der Stad vun e puer Persounen ugeschwat gouf, ob en un Drogen interesséiert wier. Mat Hëllef vun der Persounebeschreiwung konnten d'Männer ugetraff a kontrolléiert ginn. Zwee Männer goufe wéinst Verstéiss géint d'Rauschmëttelgesetz scho gesicht. Bei hinne goufen e puer Titercher Marihuana (53 Gramm) séchergestallt. D'Drogen, d'Boergeld an d'Handye goufen op Uerder vum Parquet séchergestallt a si goufe protokolléiert.