
Wéi d'Police e Sonndeg de Moie mellt, ass de Virfall e Samschdeg den Owend eppes virun 21 Auer geschitt. Si kruten ëm déi Zäit den Accident um CR118 duerch en automateschen Noutruff aus dem Gefier gemellt. De Chauffer war deen Ament a sengem Auto ageklemmt.
Op der Plaz ukomm, hunn d'Rettungsekippe sech ëm de blesséierte Mann gekëmmert, dee mat sengem Won vun der Strooss ofkomm war an am Gruef no bei engem Bësch gelant war.
Et gouf festgestallt, dass d'Streck op där Plaz nawell gutt glat war. De Streedéngscht gouf doropshi kontaktéiert.
Eng Zeien huet herno nach ausgesot, den Automobilist hätt no engem Iwwerhuelmanöver d'Kontroll verluer.
D'Streck war wärend dem Rettungsasaz fir den Trafic gespaart. De Mann koum schro verwonnt an d'Spidol.
Op der Plaz war de Samu vun Ettelbréck, d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Fiels, sou wéi d'Pompjeeë vun Angelsbierg.