PoliceTëscht en Dënschdeg an e Mëttwoch ginn 3 Abréch gemellt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen et Abréch zu Reisduerf, Bäreldeng an zu Eech. An alle Fäll sinn d'Täter dovukomm.

Tëscht en Dënschdeg 9 Auer an e Mëttwoch 16 Auer gouf an en Eefamilljenhaus an der Rue de l’Ernz zu Reisduerf agebrach a verschidde Wäertgéigestänn goufe geklaut. Den Täter oder d’Täter hunn eng Fënster bei der Terrass ageschloen, fir sech Zoutrëtt zum Gebai ze verschafen.

E Mëttwoch am Nomëtteg krut d’Police dann en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue de Schmitshausen zu Bäreldeng gemellt. D’Abriecher hunn d’Rolllueden eropgedréckt, fir dann eng Fënster anzeschloen. All d’Raim goufen duerchsicht an no Wäertgéigestänn duerchwullt.

Zu Eech an der Rue Eecherschmelz haten Abriecher dann e Mëttwoch tëscht 8.30 an 18.15 Auer an engem Appartementshaus probéiert, an zwou Wunnengen eranzekommen. An engem vu béide Fäll ass hinnen dat och gelongen a si konnten d’Entréesdier opbriechen.

Back to Top
CIM LOGO