Accident um CR119Tëscht Kéideng an Iernzen ass en Auto op der Kopp gelant

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer goufen 2 Persoune blesséiert, wéi tëscht Kéideng an Iernzen en Auto no engem Accident um Daach gelant ass.
© RTL Mobile Reporter

RTL-Informatiounen no handelt et sech bei de Blesséierten ëm eng Fra an e Kand.

Wéi de CGDIS mellt, waren d'Pompjeeë vu Fëschbech an aus der Fiels, grad ewéi d'Ambulanze vu Jonglënster a Lëntgen op der Plaz. En RTL Mobile Reporter hat gemellt, dass och d'Air Rescue op der Plaz war.

Zu Dikrech an der route d'Ettelbruck ass um Mëttwoch de Moie géint 7.30 Auer e Motocyclist gefall. 2 Persoune goufe blesséiert. D'Ambulanze vun Dikrech an Ettelbréck waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vun Dikrech.

Géint 8.45 Auer gouf et zu Maarnech an der Schwaarzenhiwwelstrooss en Accident tëscht 2 Autoen. Heibäi goufen 3 Leit blesséiert. Nieft de Pompjeeë vu Klierf, waren Ambulanze vun Housen an Ettelbréck am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO