
En Auto war hei op der Kopp gelant. Eng Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vu Koplescht waren am Asaz.
Um Samschdeg den Owend géint 18.25 Auer sinn op der N3 tëscht Bous an Aassel zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten an d’Rettungsekippe vu Réimech hu sech ëm dee gekëmmert.