AccidentTëscht Ouljen a Rued-Sir hat sech e Bus op d'Säit geluecht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 12.15 Auer koum et um CR134 zu engem Accident, bei deem e Bus um Enn op der Säit an engem Feld louch.
© Domingos Oliveira

Wéi et zu deem Accident komme konnt, ass bis ewell net gewosst. Informatioune vun der Police no, gouf wuel kee blesséiert. D’Strooss huet musse fir d’Opraumaarbechte gespaart ginn.

Weider Accidenter

Kuerz viru Mëtteg ass tëscht Allënster a Kéideng e Motocyclist mat senger Maschinn gefall. De Rettungshelikopter huet mussen an den Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géit 14.50 Auer ass tëscht Recken a Brouch en Accident mat engem Auto geschitt. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO