
Am Resumé: Jidderee fillt sech a senger Éier blesséiert.
“Et geet een einfach hin a seet: deen ass eis op d’Schlappe gaangen. Lo kritt deen eng Retourkutsch”, kommentéiert den Affekot Rosario Grasso den Ugrëff op säi Client. Bei dësem handelt et sech ëm en Ingenieur aus dem technesche Service vun der Gemeng Schengen, dee vum Architektebüro Valentiny illegal Interessevertriedung reprochéiert kritt.
Als Gemengeresponsabele fir de Projet vum Campus fir eng Zentralschoul zu Rëmerschen soll hien en aneren Architektebüro favoriséiert hunn an de Büro Valentiny onnéideg schikanéiert hunn. Dëst wier dee schlëmmste Reproche, deen ee géint e Gemengebeamte kéint maachen, esou säin Affekot. An et géing keen eenzege Beweis fir de Reproche ginn.
A senge 25 Joer am Beruff wier him nach ni esou eppes passéiert, verdeedegt sech de Beamten, dee vun der Architektin Anna Valentiny och reprochéiert krut, si a Reuniounen erofloossend behandelt ze hunn. “Do ass ee mam Bagger iwwer mécht gefuer”, huet hien aus sengem Point de vue d’Behuele vun de Vertriederinne vum Architektebüro an enger Reunioun beschriwwen. Hien hätt als zoustännege Beamte vun der Gemeng Responsabilitéite fir de Projet, ma d’Decisioune géingen ëmmer nach beim Schäfferot leien.
Wéinst der Manéier, wéi de Schäfferot an enger Gemengerotssëtzung am Mee zejoert d’Zesummenaarbecht mam Büro Valentiny fir 2 bestëmmte Projeten opgeléist huet (dem Bau vun enger Sportshal, an d’Ausschaffe fir de PAP vum Campus), goufen de Buergermeeschter Michel Gloden an déi 2 Schäffe wéinst Diffamatioun a Calomnie vum Büro ugesicht. D’Partie Plaignante stéiert sech dorunner, wéi d’Opléisung vun de Kontrakter quasi ëffentlech duerchgefouert gi wier. Et wier net richteg gewiescht, d’Annulatioun ënner anerem mat 5 Punkten esou z’argumentéieren, dass dono kee méi bei dee Büro wéilt goen, sou d’Maître Elisabeth Kohll. Dëst wier net néideg gewiescht an d’Aarbecht vum Büro duerch den Dreck gezu ginn.
D’Fro ass noutgedrongen opkomm, wat den Interêt vum Schäfferot soll gewiescht sinn, dem Büro Valentiny wëllen ze schueden. Ëmmerhi géing een zanter Joerzéngte gutt zesummeschaffen. Am Prozess gouf dem Buergermeeschter Michel Gloden dofir politescht Spill reprochéiert. De Buergermeeschter huet fir d’xte Kéier d’Uschëllegungen zréckgewisen. Hien hätt eréischt ee Mount no der Gemengerotssëtzung, an där iwwer d’Intentioun vun der Resiliatioun vun de Kontrakter geschwat gouf, decidéiert, iwwerhaapt an de Chamberwale matzegoen. Ausserdeem wier et hei just ëm konkret Kontrakter gaangen. “An anere Projeten, déi mer nach hunn, leeft d’Zesummenaarbecht mam Architektebüro Valentiny weider”, huet de Buergermeeschter ënnerstrach.
D’Urteel gëtt den 28. Mäerz gesprach.