Rettungshelikopter am AsazTëscht Tënten an Huelmes krut e Motocyclist e Réi ze paken

RTL Lëtzebuerg
Den Accident war e Sonndeg den Owend géint 21:15 Auer.
© Luxembourg Air Rescue

Um Sonndeg den Owend gouf et eng Partie Accidenter op eise Stroossen.

Um 20.30 Auer ass ee Motocycliste tëscht Näerzeng a Butschebuerg gefall a gouf blesséiert.

Kuerz drop gouf et ee méi uergt Accident tëscht Tënten an Huelmes: Ee Motocycliste krut ee Rei ze paken a gouf verwonnt. Ënnert anerem huet de Rettungshelikopter mussen an den Asaz.

Géint 22:30 huet zu Groussbus an der Mierscher Strooss eng Poubelle gebrannt.

Géint 23.30 Auer koumen zwee Autoen zu Schwéidsbeng net laanscht eneen: Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO