
Nieft dem Test vun de Sireenen all éischte Méindeg am Mount gouf de 5. Oktober um 11 Auer moies och eng Alarmmeldung un d'Handye geschéckt. Dat war awer nëmmen en Test.
D'Notifikatioun ass ganz haart, gëtt och bei engem rouegen oder gespaarten Handy ugewisen a gëtt vun engem Toun an enger Vibratioun begleet. No e puer Sekonne geet den Toun aus.
Den Test gëtt vum Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) geschéckt an och iwwer aner Kanäl wéi d'LU-Alert-App an d'Internetsäit lu-alert.lu verbreet.
