De Krich ass iwwerall an de Schoulen ukomm. De Claude Heiser, den Direkter vum Athénée: „Wann ee mat Schüler zesumme schafft, dann huet een der vun all Alter, vun alle Charakteren. Dofir ass et wichteg, als éischt emol richteg op d‘Froe vu Schüler a Schülerinnen anzegoen.”Dem Personal wier et wichteg, de Kanner a Jonke Sécherheet ze ginn an esou gutt opzeklären, wéi et just geet. Dat och well eng Rëtsch Schüler a Matschüler an hir Famillen - direkt oder indirekt - vum Krich betraff sinn.
De Sam Biewer vun der 3ième G: “Et gëtt ee konstant domadder konfrontéiert, wann een op de soziale Medien ënnerwee ass. Et gesäit ee Fotoe vu Leit, déi verletzt goufen, futtis Stied an esou weider.”
D’Lena Kelsen vun der 3ième G: „Mir schwätzen an alle Fächer iwwert déi aktuell Situatioun. An der Ekonomie schwätze mer iwwert den ekonomeschen Impakt vum Krich, zum Beispill Taxen oder d‘Bensinspräisser, déi grad erop ginn. An der Geographie schwätze mer éischter iwwert wou genau de Krich drun ass an iwwert d‘Nato an d’EU-Grenzen.”
An deem Kader huet sech en Dënschdeg och d’Präsidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola mat gutt 60 Schüler aus dem Lycée getraff a sech hire Froe gestallt.
Ass d‘EU bereet, déi vill Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen? Wéi eng Roll spillt d‘Ofhängegkeet vum russeschen Ueleg a Gas am Ukrain-Konflikt?
D’Roberta Metsola, Presidentin vum EU-Parlament: „Fir all Panzer, deen an dësem Krich zerstéiert gëtt, bezuele mir, datt Russland 4 neier ka bauen. All Dag. Ass dat eisen oder äre Feeler? Mir si spéit un a mir goufe gewarnt. Mir hätten d‘Transitioun ewech vum russesche Gas vill éischter sollte plangen.”
Et ware vill Froen, déi dës Woch op den Dësch koumen, a wéi gewinnt ze wéineg Zäit, fir alles ze beäntweren. Kulturministèren a Proffegewerkschaften am Ausland froen eng Adaptatioun vum Stonneplang an de Schoulen.
De Claude Heiser, Direkter vum Athénée: „Ech mengen awer och, datt mer gréisstendeels d‘Capacitéiten an de Schoulen hunn, fir dat selwer opzeschaffen. Huele mer zum Beispill e Lycée zu Lëtzebuerg, deen och d‘Professeren an der Geschicht huet, déi d‘Wëssen hunn, fir dëse Sujet opzeschaffen. Op der anerer Säit sollt d’Decisioun eng Kéier vun “uewen erof” kommen, datt de Sujet soll opgeschafft ginn, da misst och deen Ament och den Institutiounen dat néidegt Hannergrondwësse mat op de Wee ginn.”
Egal wéi, vum Schoul-Curriculum wäert den Ukrain-Krich soubal net verschwannen.