
Den “Thinktank” vun der Fondation Idea mécht sech an déi ablécklech Diskussioun iwwert d’Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun, also d’Thematik vun der sougenannter “kaler Progressioun” an a stellt fest, datt een an dëser Fro näischt iwwerstierze sollt.
Ënner “kal Progressioun” versteet ee jo, datt Leit nom Ausbezuele vun enger Indextranche méi Steiere musse bezuelen, well se an en anere Barème rëtschen. D’Fondation IDEA, déi 2014 vun der Chambre de Commerce gegrënnt gouf, argumentéiert, datt d’Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun besonnesch de Leit mat enger décker Pai ze gutt kéim an datt dem Staat doduerch vill Steiergelder géife verluer goen. Eng 96 Milliounen Euro pro Indextranche, Suen, déi een awer soss kéint huelen, fir cibléiert Mesuren ze finanzéieren, déi grad den niddregen Akommeskategorien ze gutt kommen. Respektiv fir strukturell Problemer wéi d’Klimakris an d’Energietransitioun unzegoen.
Grad an Zäite vu ville Krise sollt ee sech et gutt iwwerleeën, ier ee budgetäre Spillraum opbraucht, sou d’Fondation IDEA, déi ofschléissend feststellt, datt et urgent wier, fir ze waarden, ier een eng Decisioun hëlt.