
Den Ament kënnen nëmme Rechnunge vun Dokteren, Zänndokteren a verschiddene Bluttanalysen iwwert den Tiers payant social iwwerholl ginn. Et wéilt een awer kucken, ob d’Akte vun der Psychotherapie och an déi deementspriechend Konventioun vun 2012 integréiert ginn, heescht et um Freideg vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Pirat Sven Clement.
Dofir misste Verhandlunge gefouert gi mam Familljeministère, der Gesondheetskeess an der Fapsylux, d’Federatioun vun de Psychotherapeuten. De Paiement immédiat direct, duerch deen ee just nach säin eegene Part muss bezuelen, soll iwwerdeems no de Generalisten no an no fir aner Spezialisten a Gesondheetsberuffer erméiglecht ginn.