Serie: "Mir, am Sozialen"Tiziana Pierri: "Mir gesinn d'Leit op der Strooss a mir schwätze mat hinnen"

Rosa Clemente
D'Educatrice kuckt net ewech, am Géigendeel. Mat de Kolleege vum Service Premier Appel ass si reegelméisseg ënnerwee op Tournée duerch d'Stad, fir no de Sans-abrien ze kucken.
Serie : Mir, am Sozialen
Tiziana Pierri: “Mir gesinn d’ Leit op der Strooss a mir schwätze mat hinnen”

“Ech mengen, d’Leit fäerten ee bëssen. Mee d’Leit vun der Strooss sinn am Prinzip net aggressiv, au Contraire. Si si ganz dankbar fir alles. Einfach si kucken a Moie soen, einfach hinne weisen: Du existéiers, du bass do. Dat ass wierklech dat gréissten, wat een hinne kéint ubidden”, sou d’Tiziana Pierri.

Déi 41 Joer al Fra schafft zënter 3 Joer am sougenannte Bas-Seuil, am Premier Appel, dem Service d’Urgence fir Sans-abrien vun Inter-Actions. Mat enger Camionnette an och zu Fouss maachen d’Streetworker vum Premier Appel Tournéeën duerch d’Stad, da wann aner Servicer zou sinn.

An der Serie “Mir, am Sozialen” stinn déi am Fokus, déi deene Schwächste vun der Gesellschaft am Alldag Hëllef bidden. Et si Portraite vu Leit, déi sech do asetzen, wou anerer dacks ewechkucken. Een Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land.

All Mëttwoch fannt dir een neie Reportage am Magazin, an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO