IlresTommy Klein demissionéiert vu sengem Posten als Direkter

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt e Wiessel un der Spëtzt vum Meenungsfuerschungsinstitut Ilres.

No 10 Joer beim Ilres a knapp annerhallwem Joer un der Spëtzt vum Meenungsfuerschungsinstitut hätt den Tommy Klein decidéiert, eng nei professionelle Erausfuerderung unzehuelen, heescht et an engem Schreiwes vum Ilres.

Wéi Ilres an engem Mail un RTL preziséiert, steet d’Fro vun der Successioun vum Tommy Klein net op. No senger Demissioun geréieren d’Ingrid Fleischer an den Thomas Crépon d’Direktioun zu zwee weider.*

*An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, datt net gesot gouf, wien d’Successioun iwwerhuele géing.

Back to Top
CIM LOGO