
RTL-Informatiounen no ass nieft dem Deputéierte Marc Goergen och de fréiere Managing Director vun der Ilres Tommy Klein mat an der Ekipp. Eise Sourcen no géif den Tommy Klein am Oktober och fir d’Piratepartei mat an d’Chamberwale goen. Enn Februar hat d’Ilres matgedeelt, datt den Tommy Klein de Betrib géif verloossen.