D‘‘Cellule de coordination‘‘ fir den Tracing an de Schoulen hätt d'Situatioun am Grëff, seet hir Responsabel am RTL-Interview. De Buergermeeschter vu Clierf verlaangt, dass Santé an Educatiounsministère méi séier mat de Gemenge kommunizéieren.
D’Schülerinnen a Schüler sinn nees zeréck an hire Klassen a mat hinnen de Coronavirus. Déi éischt zwou Schoulwochen gouf et hei an do vereenzelt Fäll. Mä am Norden si se lokal méi heefeg ginn. Dat hu se Findel, do wou d’Covid-Fäll an de Schoule gemellt, gesammelt an evaluéiert ginn, scho gemierkt, ewéi d’Coordinatrice vun deem Service Flore Schank confirméiert. Elo gëtt et déi éischt gréisser Infektiounsketten: ‘’Jo mir hunn ze Reiler an der Gemeng Clierf deen éischten gréissere Cluster mat 32 Fäll.’’
An der Grondschoul si 14 vun 22 Klasse betraff an eng aner an der Spillschoul vun der Europaschoul zu Clierf.
"Dat si knapps 250 Kanner déi elo doheem sinn’’, seet de Buergermeeschter vu Clierf Emile Eicher. D’Situatioun géif vu Stonn zu Stonn changéieren. Haut kéimen véier Klassen no hirer Quarantän nees zeréck an d’Schoul. Den Emile Eicher bleift alertéiert: ‘’Mir hunn awer elo och déi éischt Fäll am Précoce, wou bis elo näischt war. Et ass schwéier virauszegesinn wéi d ‘Situatioun evoluéiert."
De Service vum Flore Schank probéiert, um Ball ze bleiwen. Déi 16 Mataarbechter maachen de Lien tëscht der Santé an dem Bildungswiesen.
D’Flore Schank:
"Mir bleiwen ganz no drun. Wa mir gesinn, dass sech méi Fäll an engem bestëmmte Kontext undeiten, da gi mir dohin an analyséieren d’Situatioun ganz genee."
Zu Reiler gëtt et zum Beispill eng Rëtsch Geschwëster ënnert de positiven Persounen. Et ass och een Enseignant dobäi, deen a méi Klasse war. Wichteg Informatiounen, déi den concernéierte Gemengepapp och gär matgedeelt kréich:
"Dat ass eng Kritik, déi ech op verschiddene Plazen scho gemaach hunn. D'Kommunikatioun muss onbedéngt verbessert ginn. Et ass extrem penibel, wann een als Buergermeeschter gefrot gëtt, wat dann do lass ass, an et weess een net méi ewéi déi aner.’’
Zu Reiler ass op alle Fall déi ganz Grondschoul concernéiert, domat ass een elo kloer an engem Zenario 4. Et goufe verstäerkt Mesuren en Place gesat, erkläert d’Flore Schank. Kanner, déi a Quarantän sinn, well se a Kontakt mat enger positiver Persoun waren, kréie keng Derogatioun méi, fir an d’Schoul ze goen. Déi aner Klassen an der Schoul ginn elo all Dag getest. En plus ginn iwwer d'Schoul 17.500 Schnelltester verdeelt an der Gemeng Clierf verdeelt, fir dass och d d‘Famillje sech testen kënnen.
Dernieft goufen et och 14 Fäll an der Grondschoul zu Wäiswampech, e Lien mat Klierf wär awer net do, heescht et vun der Santé.