Um Samschdeg de Mëtteg war déi traditionell Relève vun der Garde virum Palais.
Et huet och eng Éieregarde vun der Arméi ënnert dem Kommando vum Lieutenant en premier Pol Wagener un dësem traditionelle Rendez-Vous deelgeholl.
D'Militär-Musek huet de musikaleschen Encadrement assuréiert.