CGDISTram a Flamen am Schapp um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
Blesséierter mellt de CGDIS dann bei zwee Accidenter zu Suessem an zu Nidderfeelen.
© Raphaël Ferber / RTL (Archiv)

En Donneschdeg den Owend hat en Tram am Schapp um Kierchbierg Feier gefaangen. D’Stater Pompjeeën haten dat Ganzt awer séier ënner Kontroll an et blouf beim Materialschued.

Bei Helzen um CR333 stoung dann Dreck a Flamen, och hei gouf kee Blesséierten ze bekloen, d’Rettungsdéngschter vu Wëntger waren am Asaz.

All Kéiers ee Blesséierte gouf et da bei zwee Accidenter um Donneschdeg den Owend. Dat eng Kéier kéint 17.30 Auer zu Suessem, wéi e Cyclist an en Auto net laanschtenee koumen. Hei waren d’Rettungsekippe vun Esch an dem SaDiff op der Plaz. An e Motorrad an den Auto waren zu Nidderfeelen anenee gerannt, dat no 20 Auer. Ëm dee Blesséierten hu sech d’Ekippen aus der Nordstad a vu Feelen gekëmmert.

Zu Beetebuerg an der Z.A.E. Wolser krute sech géint 8.20 Auer en Auto an e Moto ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert a vum Samu aus der Stad an de Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg versuergt.

E Freideg de Mëtteg huet et op der A13 a Richtung Schengen geknuppt. Eng Fra huet tëscht Keel an Diddeleng-Biereng aus bis ewell ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer. De Won huet sech doropshin iwwerschloen. Wéi et heescht, soll d’Fra liicht blesséiert gi sinn. Béid Fuerbunnen hunn nom Accident missen temporär gespaart ginn. Véier Persounen, déi op der Héicht vum Accident hiren Handy wärend dem Fueren an de Grapp geholl hunn, goufe protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO