
Déi belsch Transportfirma Jost suergt op en Neits fir Schlagzeilen, dës Kéier an der Belsch. Dat schreift den LCGB en Donneschdeg de Moien an engem Communiqué a weist sech besuergt wéinst katastrophalen Aarbechtskonditiounen, Mësshandlungen a Sozialdumping. Hannergrond ass e Reportage vun der RTBF.
Déi belsch Gewerkschaft CSC Transcom reprochéiert der Transportfirma konkret, op där enger Säit Kuerzaarbecht fir déi lokal Chaufferen unzefroen, an op där anerer Säit all zwou Woche ganz Fligeren tëscht Bukarest a Maastricht ze charteren, fir bis zu 180 rumänesch Aarbechter an d'Belsch ze bréngen, déi da fir de Jost-Group an der Belsch a soss an Europa mam Camion fueren. D'Rumäne wieren an engem Hangar zu Herstal ënnerbruecht, ënner deplorabele Konditiounen, mat 3 Duschen an zwou Toilette fir 100 Chaufferen. Donieft géife si ënner Drock gesat an insultéiert ginn.
Chômage partiel vun 21 Leit hei am Land gerechtfäerdegt?
Zu Lëtzebuerg huet den LCGB, eegenen Aussoen no, scho méi laang een Aen op d'Aarbechtskonditioune bei der Jost SA. De Paul Glouchitski hätt d'Transportfirma eleng fir den Abrëll fir 21 Chaufferen Kuerzaarbecht ugefrot. Dobäi wieren d'Carnete gutt gefëllt gewiescht. Hei misst ee sech also d'Fro stellen, ob do keen Abus mat Steiergelder bedriwwe gouf.
D'ITM misst sech där Saach unhuelen, sou de Gewerkschaftsvertrieder. Dofir fuerdert den LCGB d'Gewerbeinspektioun hei am Land op, fir besonnesch gutt bei de Kontrollen opzepassen, dass sech esou eng Situatioun wéi an der Belsch net och hei am Land kann ofspillen. CSC Transcom an der Belsch huet d'Entreprise iwwregens op d'Geriicht geholl. Jost-Group selwer schwätzt via hire Affekoten géintiwwer der RTBF vun Diffamatioun.