
Um Samschdeg den Owend kuerz virun 19 Auer hunn ee Mann an eng Fra un der Dier vun engem Haus zu Bouneweg geschellt an hu sech als Mataarbechter vun enger ASBL ausginn. De Bewunner, deen am Rollstull sëtzt, huet déi zwou Persounen eragelooss an hinne 5 Euro ginn. Wéi si no méi gefrot huet, huet de Mann säi Portefeuille nees erausgeholl an déi Onéierlech hunn him dësen aus der Hand gerappt a si fortgelaf. De Mann huet d'Police alarméiert an d'Beschreiwung huet op zwou Persoune gepasst, déi kuerz virun der Dot vun der Police an der Rue de Chicago kontrolléiert goufen. D'Ermëttlungen hu gewisen, datt si mat der Kreditkaart Suen op engem Bankomat op der Gare opgehuewen hunn. Direkt hunn e puer Patrullen no der Verbriecher-Koppel gesicht a konnt si an der Géigend vun der Gare ermëttelen a festhuelen.
D'Affer konnt d'Persounen identifizéieren an déi hunn d'Dot och gestanen. De Parquet huet d'Leit protokolléiere gelooss.
Da mellt d'Police an der Nuecht op e Samschdeg en Abroch an e Keller vun engem Gebai an der Rue Guido Oppenheim an der Stad. Béid Täter haten e Baart, ee war grouss, deen anere kleng. An e weideren Abroch gouf et zu Monnerech, wou déi Onéierlech tëscht 16 an 19 Auer iwwert eng Terrass an en Haus geklomme sinn an den éischte Stack duerchsicht hunn. D'Bewunnerin vum Haus war zu deem Ament och doheem, huet dat awer net matkritt.