RTL-Presseclub vum 12. MäerzTripartitesaccord, steierlech Entlaaschtungen an d'Politik am Walkampf

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Presseclub hu mer iwwer d'Steieren, de Logement an den traurege Joresdag vun engem Joer Krich an der Ukrain diskutéiert.
RTL-Presseclub vum 12. Mäerz
E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren de Marc Schlammes (Wort), den David Marques (Quotidien) an de Peter Feist (Land)

Nom Accord vun der Tripartite de leschte Freideg gouf et vill zefridde Gesiichter: Patronat, Gewerkschaften a Regierung klappe sech op d’Schëller.

Mä war et de richtege Moment d’steierlech Entlaaschtungen ze decidéieren? Si se gerecht? Si se néideg a finanziell drobar? Ënnert anerem doriwwer hu mer am Presseclub dëse Sonndeg geschwat.

Mat de Journalistekolleegehu mir och en Ausbléck dorop gemaach, wéi d’Wirtschaft-, Sozial- a Klimapolitik am Walkampf wäert oder soll traitéiert ginn.

E Sonndeg am Presseclub hu mer iwwer d’Steieren, de Logement an den traurege Joresdag vun engem Joer Krich an der Ukrain diskutéiert.

Eis Invitéë waren:

de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort
den David Marques vum Quotidien
an de Peter Feist vum Land

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO