
Obwuel d’Polizisten d’blo Luuchten an d’Sireen ugemaach hunn, ass de Chauffer einfach weidergefuer. Hie konnt schlussendlech awer an der Beggener Strooss gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet den Automobilist, deem een ugemierkt huet, datt en ze vill gedronk hat, ugangs refuséiert aus dem Auto ze klammen. Wéi erwaart ass den Alkoholtest positiv ausgefall an de Permis gouf agezunn.