Alkohol um SteierTrotz Fuerverbuet ënnerwee an hefteg géint Beamte rebelléiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vu Sonndeg op e Méindeg hat d'Police et direkt mat zwee alkoholiséierte Chaufferen ze dinn, wouvunner et an engem Fall staark Géigewier gouf.
© Police Archivbild

Zu Stroossen krut d’Police en Auto gemellt, dee mat enger opfälleger Fuerweis an engem Platten an der Rue Federspiel ënnerwee war. Den Auto, souwéi och d’Automobilistin konnten hannert engem Haus an der Rue Alexandre Flemming ugetraff ginn.

Bei der Fra, déi offensichtlech ze déif an d’Glas gekuckt hat, gouf iwwerdeems festgestallt, datt si engem Fuerverbuet ënnerlouch. En Alkoholtest huet si refuséiert, ass och net der Opfuerderung nokomm, mat de Beamten op de Policebüro matzekommen a si huet probéiert, sech duerch d’Bascht ze maachen. D’Fra konnt awer no staarker Géigewier immobiliséiert ginn.

Béid Pneuen op der Bäifuerersäit ware platt, et konnten awer néierens an der Ëmgéigend Hiweiser op en Accident festgestallt ginn. D’Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert, de Permis krut d’Fra ofgeholl. Géint si gouf Plainte deposéiert.

Zu Nidderkäerjeng konnt d’Police e Sonndegowend géint 19.35 Auer en alkoholiséierte Chauffer an der Rue de Reconnaissance stoppen, dee kuerz virdrun a Schlaangelinnen a mat immens lueser Vitess op der A13 a Richtung Péiteng ënnerwee war. Well en Alkoholtest positiv ausgefall war an de Mann kee gültege Permis virweise konnt, gouf och säi Gefier saiséiert a Plainte géint hien deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO