NidderkuerTrotz Fuerverbuet no Hallefnuecht alkoholiséiert mam Auto ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté ass an der Nuecht op e Mëttwoch op enger Bensinsstatioun en Auto mat 2 Persounen dran opgefall.

Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer trotz engem Fuerverbuet nees hannert dem Steier souz. Dobäi koum, dass en ze vill gedronk hat. Den Auto gouf immobiliséiert an de Mann protokolléiert.

Béid Persounen am Auto kruten dann och nach e Protokoll, well se sech net un d'Covid-Ausgangsspär gehalen hunn, dat wieren dann 300 Euro op de Kapp.

Back to Top
CIM LOGO