Um GeriichtTutelles-Riichter an Affekot fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Den deemolegen Tutelles-Riichter an den Affekot, deen och op dëse Beräich spezialiséiert ass, stounge viru Geriicht wéinst dem Virworf vun Amtsmëssbrauch.

De Riichter an den Affekot si gutt Kolleegen an hate souwuel privat wéi och berufflech vill mateneen ze dinn. Dobäi kënnt, dass den deemolegen Tutelles-Riichter dem Affekot vill Opträg zougedeelt huet. Bannent enger Dose Jore waren et iwwer 200 Fäll. Dëst géif Bedéngunge schafen, déi en Amtsmëssbrauch erméiglech kéinten.

De Parquet hat en Urteel ouni Strof gefrot mat der Begrënnung, dass keng Beweiser virleie fir e Profit fir déi zwou Parteien. Wieren déi zwee Concernéiert also schëlleg gesprach ginn, wier d’Feelverhalen zwar festgehale ginn, si géifen awer keng Geldstrof oder Prisongsstrof kréien.

Um Donneschdegmoie gouf dunn d’Urteel u Bezierksgeriicht gesprach. Physesch present war viru Geriicht awer just den Affekot. Allebéid goufe fräigesprach.

Nom Urteel weist den Affekot sech erliichtert. Hien huet wärend dem Prozess zwar weider geschafft, mä elo kéint hien sech Aarbecht rëm anstänneg a souguer besser maachen, ouni dës Affär am Hannerkapp ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO