Experten erklärenU Verschwörungstheorie gleewen ass méi einfach wéi Realitéit verstoen

RTL Lëtzebuerg
Verschwörungstheorië ginn et schonn éiweg. Et ginn awer Amenter, wou se méi present si wéi an aneren. Zum Beispill an der aktueller Pandemie.
D'Pandemie - perfekt Konditiounen fir Verschwörungstheorien
Vill Onsécherheet, vill Changementer. Do ass et méi einfach ze gleewen d’Pandemie wier geplangt.

Verschwörungstheorien / De Reportage vum Céline Spithoven

Opgepasst Conspiratioun: D’Landung um Mount ass gefaked, 9/11 war vun der US-Regierung geplangt a Fligerofgasen, déi eis all vergëfte sollen... esou Verschwörungstheorë ginn et ëmmer rëm. Déi eng kënne witzeg sinn, déi aner komplett aus der Loft gegraff a rëm anerer kënnen Angscht maachen. Eng vun de leschte Verschwörungstheorien, déi weltwäit ronderëm gaangen ass, ass déi, dass de 5G um Handy eis Gedanke kontrolléiere soll. Zënter bal 2 Joer maachen awer ganz nei Verschwörungstheorien ëm de Coronavirus d’Ronn.

De Bill Gates huet alles geplangt, mat der Impfung gëtt en Chip implantéiert an an de Waasserwerfer, déi bei de Manifestatioune géint d’Corona-Mesuren an den Asaz koumen, ass ofgelafenen Impfstoff. Verschwörungstheoretiker schénge mam neie Virus rëm Fudder fir hir Geschichte fonnt ze hunn. Natierlech ass domat net gemengt, dass jiddereen dee skeptesch ass oder hannerfreet e Verschwörungstheoretiker ass!

Mee et ass Fakt: De Coronavirus an d’Pandemie liwweren déi perfekt Konditioune fir d’Opkomme vun Verschwörungstheorien.

Se entstinn dacks a gesellschaftleche Situatiounen, an deenen eng grouss Onsécherheet besteet. Eng Pandemie mat engem Virus, iwwert dee quasi näischt gewosst ass, passt hei an d’Schema, sou de Prof. Dr. Michael Butter, Amerikanist, deen ënnert anerem Verschwörungstheorien erfuerscht. Net wësse wéi, wat, wou, ka ganz vill Ännerungen, Angscht an Zweiwel mat sech bréngen. Dobäi ass de Mënsch e grousse Fan vu Gewunnechten a Reegelméissegkeet.

E Cartoon vum Carlo Schneider. D'Bild hänkt an der Ausstellung
E Cartoon vum Carlo Schneider. D’Bild hänkt an der Ausstellung

Aus psychologescher Sicht versicht de Mënsch fir alles einfach Erklärungen ze fannen. Situatiounen, déi esou komplex sinn, wéi d’Pandemie, passen net an dës Denkweis. Wann et dann ze schwiereg ass, déi ganz Komplexitéit, an där mir den Ament liewen, ze verstoen, hu verschidde Leit d’Tendenz sech eng einfach Erklärung dofir ze sichen. Dorausser entstinn da Verschwörungstheorien.

Verschwörungstheoretiker tendéieren dozou, sech an engem desinformativen Ökosystem ze beweegen. Dat heescht, d’Persoun informéiert sech gréisstendeels just nach a Gruppen an op Plattformen, an deene seng Meenung gedeelt a bestäerkt gëtt. Dëse Prinzip ass duerch déi sozial Medien nach méi vereinfacht ginn an dréit dozou bäi, dass Verschwörungstheorien an der grousser Ëffentlechkeet méi present ginn an sech och vill méi verbreeden.

Mat Fakte géint Verschwörungstheoretiker, dat brauch ee guer net ze versichen, sou d’Gaby Sonnabend vum Lëtzebuerg City Museum. Dofir huet de Prof. Dr. Claus Vögele awer aner Rotschléi: Hir Theorien ëmmer weider hannerfroen a se zur Selbstreflexioun ureegen. Domat kënnt een zum Beispill bei Leit virun, déi just deelweis un esou Theorië gleewen.

Back to Top
CIM LOGO