Aktuell si mir an der Haaptsaison. Déi meeschte Wuere sinn elo zeideg.
Ee vun de Clienten ass d'Maison Relais vu Konter. Reegelméisseg kommen déi Responsabel do hiert Geméis kafen. Regional a lokal Betriber ënnerstëtzen an esou vun de kuerze Weeër profitéieren. Dat steet am Konzept vun der Elisabethestëftung.
Fir 110 bis 170 Kanner pro Dag gëllt et, e Menü ze zauberen. D'Käch sinn also an hirer Fantasie gefuerdert. Zesumme mat enger Dieticienne gëtt en Ernierungsplang ausgeschafft.
Zanter 10 Joer gëtt an de Kannerstrukture vun der Elisabeth-Stëftung mat dësem Konzept geschafft. Och wéinst Allergien oder Intoleranze gëllt et, d'Kiche reegelméisseg unzepassen.