
An de leschten Deeg a Wochen huet een ëmmer méi Stëmmen héieren, déi sech fir eng Impfflicht ausschwätzen. Déi eng denken, datt eng sektoriell Impfflicht scho kéint hëllefen, anerer sinn der Meenung, datt all Erwuessene muss geimpft ginn.
Di meescht Experten, wéi de Cercle vun den Anästhesisten a Reanimateure sou wéi och de Collège médical schwätze sech fir eng allgemeng Impfflicht aus. Déi national Ethikkommissioun ass dann nach e bëssi méi zréckhalend. Si schwätzt dovunner, datt eng Impfflicht mëttel- bis laangfristeg aus etheschen, sozialen, wirtschaftlechen a sanitäre Grënn ze vertriede wier.
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun geet op dee selwechte Wee wéi d’Spidolsfederatioun an d’Copas. De President vun der Mënscherechtskommissioun, de Gilbert Pregno:
Wéi mer gesinn hunn, wéi ee Schued ugeriicht ginn ass an den Alters- a Fleegeheemer an och an de Spideeler, hu mir eis geäussert fir eng sektoriell Impfflicht. Well et ass elo esou, datt déi Moossnamen, déi elo schonn agefouert gi si mam 2G a mam 3G déi éischt Schrëtt vun enger Impfflicht sinn. Ech ginn elo dovunner aus, datt dat nach wäert méi staark geäussert ginn.
Et wier e Balancéieren tëscht den Aschränkungen, wat d’Fräiheet ugeet an anerersäits dem Zil vun der Gesondheet vun der Allgemengheet. Wie sech bis elo net wollte fräiwëlleg impfe loossen, wäert dat wuel och net méi maachen. Dat wier tragesch, well d’Kollateralschied vun de Fräiheetsaschränkungen immens grouss sinn.
Nodeems d’Experten sech zu der Impfflicht geäussert hunn, wier et elo wichteg, datt den Debat an der Chamber gefouert géing ginn, seet de Direkter vun der UEL, de Jean-Paul Olinger:
Et ass eng Decisioun, déi net soll innerhalb vum Betrib gefouert ginn, mee innerhalb vun der Gesellschaft. An d’Gesellschaft soll sech da selwer allgemeng ausschwätzen. An da si mer an enger normaler Situatioun, wou d’Majoritéit soll decidéieren, wat mer als Gesellschaft solle maachen.
Et wier jo och net jiddereen am Betrib. Bei der Decisioun misst ee schliisslech och u Pensionären oder un déi Leit, déi nach net schaffen, denken. Och de Gilbert Pregno begréisst d’Initiativ.
Ech géing mer wënschen, datt d’Parlamentarier lo net ënnert engem Fraktiounszwang sinn, fir hir Meenung ze äusseren, an ech géing et och begréissen, datt déi Consultatioun net nëmme fir d’Chamber ass, mee och fir di sëllegen Organismen a Zerwisser, déi an deene leschten 2 Joer ëmmer Avisen zu de Covid-Gesetzer geschriwwen hunn.
Virun 18 Méint wier och en Ad Hoc-Grupp vum Premier gegrënnt ginn, fir d’Regierung ze beroden. Zanterhier wier de Grupp awer net méi zesummekomm, bedauert de Gilbert Pregno.