CGFP, LCGB an OGBLUEL soll mat senger Politik vum Boykott ophalen

RTL Lëtzebuerg
An engem gemeinsame Communiqué riichte sech d'Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL mat enger Kritik un d'UEL.
© RTL Archivbild

D'Syndikater fille sech nämlech bestäerkt doranner weider um Sozialdialog festzehalen, nodeems d'Regierung deen Dialog nach emol am Conseil de Gouvernement de 4. Oktober ënnerstrach huet. De Premier Xavier Bettel hätt och a senger Ried zur Lag vun der Natioun betount, wéi wichteg de Sozialdialog wier. D'Patronat sollt dofir och net weider mat der Chaise vide am CPTE maachen, dem Comité Permanent du Travail et d'Emploi. D'Gewerkschafte schwätze vun enger provokanter Attitüd vu Säite vun der UEL, déi d'Acquisen vun de leschte 40 Joer géif a Fro stellen.

PDF: Schreiwes vun CGFP, LCGB an OGBL.

Back to Top
CIM LOGO