Vun offizieller Säit heescht et, dass et sech bei der Verschmotzung vum Waasser kéint em Hydrocaburen handelen, wat ënner anerem Mazout oder Diesel ka sinn.
Virun allem am Brill/Puddel ass d’Verschmotzung vum Waasser esouguer mam bloussen Aen z’erkennen. D’Pompjeeë wäerten e Barrage opriichten.
Wichteg ass et, d’Quell vum Probleem séier ze fannen. Dat ass d’Aarbecht vum Waasserwirtschaftsamt. De Brill/Puddel ass en Naturschutzgebitt, wou vill Villercher an aner Déiere sech ophalen.
Déi Responsabel vun de Gemenge Schëffleng an Esch solle mat der Direktioun vum Waasserwirtschaftsamt zesummekommen, fir eng definitiv Léisung ze fannen, fir e Barrage an Zukunft selwer kënnen z’installéieren. Sou eng Léisung gëtt et schonn zu Biissen.