
D’Knëppelsteng kënnen tëscht 1 an 3 Zentimeter déck sinn. Wat de Reen ugeet, rechent Meteolux mat bis zu 25 Liter pro m2 bannent kuerzer Zäit.

Wat d’Wandvitessen ugeet, kéint et och am Éislek ongemittlech ginn. Um 12.45 Auer huet de Wiederradar gewisen, dass géint 16 Auer Wandvitessen bis zu 150 km/h méiglech sinn.

Den ACL huet dann och eng Trafic-Info erausginn, ass et duerch de Wand a Reen kann zu schlechte Stroosseverhältnisser kommen. Et soll ee lues fueren an de Fuerstil un d’Wiederkonditiounen upassen.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?