CR132Uergen Accident tëscht dem Schlammestee a Réiser

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 9 Auer gouf et um CR132 tëscht dem Schlammestee a Réiser en uergen Accident.
© Domingos Oliveira

An enger Kéier koum et hei zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Autoen. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert, eng méi uerg. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz. D’Strooss war zäitweis fir den Trafic gespaart.

Weider Informatioune feelen den Ament nach.

E Méindeg de Moie géint 6.50 Auer ass zu Esch eng Persoun ugestouss ginn a gouf blesséiert. Géint 9.20 Auer ass zu Schëndels en Automobilist mat sengem Won an de Gruef geroden. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO