Mat 2 Beem kollidéiertUergen Accident tëscht Useldeng an Iewerleng

RTL Lëtzebuerg
Ee Chauffer huet um Dënschdeg géint 13.30 Auer an enger Lénkskéier d'Kontroll vu sengem Auto verluer an huet an der Suite 2 Beem ze pake kritt.
© Domingos Oliveira

De Chauffer hat Gléck am Ongléck an ass fir d’Kontroll an d’Spidol.

D’Gefier huet och gebrannt. D’Pompjeeën haten d’Feier awer séier ënner Kontroll.

Den 112 mellt fir den Dënschdeg de Mëtteg zwee weider Accidenter. Zu Käerjeng an der Rue Nicolas Meyers ass en Automobilist géint 13.50 Auer bäigaangen. Géint 16 Auer ass tëschent Waasserbëlleg a Mompech e Motocyclist gefall a gouf dobäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO