
Nodeems et no de Gemengewalen zu Personalwiessel koum, hätt een d’Geleeënheet genotzt, fir déi nei Gesiichter kenne ze léieren. D’Membere vun der Kommissioun, déi aus Ministeren, Verwaltungen, Gemengen, dem Naturpark Uewersauer a lokalen Acteure besteet, sinn deemno, ofgesinn vu klengen negative Faiten, zefridde mat der Saison 2023. Et wéilt een och schonn éischt Weiche stellen, fir weider Verbesserungen fir dat kommend Joer.
Sou gëtt sech zum Beispill um franséische Virbild, de sougenannten Handiplages, inspiréiert. An anere Wierder sollen och Leit mat engem Handicap kënnen de Stauséi besichen, sou den zoustännege Minister Claude Turmes.
E grousse Merci goung dann och un de Ranger Tom Schmit, dee wärend der Schwammsaison, besonnesch awer un de Weekender, onermiddlech am Asaz war, fir dass all d’Visiteure sech un d’Reegelen halen. De Gros vun de Verstéiss gouf et duerch Knascht, oppent Feier oder onerlaabt Fëschen.
Déi meeschte Leit waren iwwregens de 24. Juni um Stauséi. De Rescht vum Summer war et wéinst dem ville Reen am August awer méi roueg, dono dann nach wéinst Bloalgen. Dës Warnung gouf dann och en Donneschdeg nees opgehuewen. Iwwer d’Hallschent vun all de Visiteuren dës Saison ware Lëtzebuerger Residenten, nieft Leit aus der Belsch, Holland a Frankräich.
