Drogenaffär vu WaasserbëllegUgeklote probéiert zweet Uerteel iwwer Cassatioun ausser Kraaft ze setzen

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour de cassation an der Stad gouf sech en Donneschdeg de Moien nach emol mat der sougenannter Drogenaffär vu Waasserbëlleg befaasst.
© RTL Archiv

Am Mëttelpunkt stoungen de Volet vum presuméierten Haaptmann a Proprietär vum Haus zu Waasserbëlleg.

Am Februar 2018 gouf de Mann zu senger Prisongsstrof vun 12 Joer an enger Geldstrof vun 10.000 € condamnéiert. Hie war net d'accord mat deem zweeten Uerteel a probéiert, dat iwwert d'Cassatioun ausser Kraaft gesat ze kréien. Am Januar dëst Joer sinn op der Cour de cassation ewell d'Pourvoië vum Haaptdealer a vun der Gerante vum Haus zeréckgewise ginn. Fir si blouf et deemno beim Uerteel aus zweeter Instanz.

Den 21 ugeklote Persounen ass virgehäit ginn, zu Waasserbëlleg an am Garer Quartier an der Stad Droge verkaf ze hunn. Dësen Drogereseau war am Oktober 2015 opgeflunn.

Drogenaffär Waasserbëlleg - Cour de cassation 26.9.19

Den Affekot vum presuméierten Haaptmann a Proprietär vum Haus zu Waasserbëlleg huet am Ganze 24 Cassatiounsmoyene presentéiert, déi vum President vun der Cour de cassation, dem Jean-Claude Wiwinius, resuméiert goufen. Déi wichtegst Moyene ware wuel déi, dass zwee wichteg Zeien net gehéiert gi wären an, dass et falsch wär, de Mann wär Co-Auteur vun de Faite gewiescht. Et hätt och eng wichteg Roll gespillt, dass kee Huis clos gesprach gouf, dass eng Diskriminatioun virgeleeën hätt, an dass de Mann veruerteelt gi wär, trotz Zweiwelen u senger Schold. Donieft gouf sech ënnert anerem nach doriwwer beklot, dass keng englesch Iwwersetzung vum Dossier répressif virgeleeën hätt, an, dass onzoulässegerweis vun engem iPad Donnéeën erofgeholl gi wären.

Doropshin huet de Vertrieder vum Parquet général gemengt, d'Revisiounsdemandë vum presuméierten Haaptmann a Proprietär vum Haus zu Waasserbëlleg wären zeréckzeweisen.

D'Uerteel vun der Cour de cassation ass fir den 31. Oktober.

RTL NEWS: Et bleift beim Uerteel aus zweeter Instanz / Rep. Eric Ewald (24.1.19)
RTL NEWS: Cour de Cassation huet sech mat Drogenaffär vu Waasserbëlleg befaasst / Rep. Eric Ewald (13.12.18)

Back to Top
CIM LOGO