285.000 Euro saiséiertUgekloter ginn an Appell, nodeems si zu Geldstrofe verurteelt goufen

RTL Lëtzebuerg
Eng Geldstrof vu jee 5.000 Euro: Dozou goufen am Januar um Stater Geriicht zwee Männer vun 32 an 38 Joer verurteelt.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Dat wéinst engem Verstouss géint d'Gesetz vun Oktober 2010 a Saache Lutte géint d'Wäisswäsche vu Suen a géint de Finanzement vun Terrorismus. Méi schlëmm war awer wuel d'Confiscatioun vun eppes iwwer 285.000 Euro, déi déi zwee am Februar 2017 am TGV vu Paräis an d'Stad bei sech haten. Si hate sech domat net un d'Virschrëft gehalen, dass se just 10.000 Euro an d'Land eran, aus dem Land eraus oder duerch de Grand-Duché erduerch transportéieren dierften.

E Freideg de Moie war op der Cour d'appel an der Stad de Prozess an zweeter Instanz, an do gouf d'Confirmatioun vum 1. Urteel gefuerdert.

Cour d'Appel / Rep. Eric Ewald

Fir d'Vertriederin vum Parquet général wollten déi zwee Männer dës Suen nämlech virun iwwer 3 an engem hallwe Joer verheemlechen. Si hätte sech bei der Douaneskontroll am Zuch net manifestéiert, wéi gefrot gouf, ob ee méi wéi 10.000 Euro bei sech hätt. Eréischt an enger zweeter Phas hätt dee méi ale Mann gesot, hien hätt eng 50.000 Euro dobäi. Déi wären a staark parfuméierten Enveloppë gewiescht, fir dass de Schnoffelhond mam treffenden Numm "Cash" se net riche géif. Wéi de Mupp sech net ginn huet, hätt dee méi ale Mann no enger Zäit erkläert, et wären nach ronn 200.000 Euro am Koffer vun deem méi jonken. Doropshi wären déi zwee op en Douane-Büro bruecht ginn, wou si Froe gestallt kruten, awer "farfelu" Aussoe gemaach hätten, soudass déi am Ganzen iwwer 285.000 Euro saiséiert goufen. Déi zwee Männer hätten also am Ufank falsch oder net komplett Aussoe gemaach an dono egal wat erzielt. Dat 1. Urteel sollt dofir confirméiert ginn, woubäi sech d'Fro no de 50.000 Euro stelle géif, déi dee méi ale Mann an enger zweeter Phas zouginn hat, ze transportéieren.

Dogéint huet de Me Zamfiroiu, Affekot vun den Ugekloten, fonnt, dass seng Mandante fräizesprieche wären an déi saiséiert Suen zréckkréie sollten. Domat hätte si zu Lëtzebuerg fir Cliente 4 Luxusautoe kafe wëllen. Dee méi ale Mann hätt och keng falsch Ausso gemaach, well hie 50.000 Euro deklaréiert hätt.

D'Beschëllegt hirersäits hu betount, dass déi ganz Suen net hir wären a si déi zréckbezuele missten. Si, déi mat deieren Autoen handele géifen, hätte Problemer dowéinst, well dat ebe keng kleng Zomm wär. Deemools hätte si direkt Handschellen ugedoe kritt a wären dowéinst „perturbéiert" gewiescht.

D'Appelurteel ass fir de 6. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO