"Mir hunn elo Uspriechpartner"Ugemellte Maniffe sinn nees méiglech am Stadkär

Diana Hoffmann
D’Demonstratiouns-Zon, déi zanter enger 10 Wochen tëscht dem Glacis an der Philharmonie gëllt, gëtt nees ofgeschaaft.
Keen Demonstratiounsperimeter méi fir Manifestatiounen
Plateforme Journée Internationale des Femmes
Luxembourg, le 22 février 2022

Communiqué de presse

La grève des femmes* sort du périmètre !

Avant même de renc

Dat huet de grénge Policeminister Henri Kox op enger Pressekonferenz annoncéiert. Et hätt een an deene leschte Wochen d’Situatioun zesumme mat der Police analyséiert an et wier een zu der Conclusioun komm, datt de Moment do wier, fir déi Restriktioun opzehiewen. “Et schéngt, wéi wann d’Envergure vun den Anti-Mesuren-Demonstratiounen ofgeholl huet a manner Leit matmaachen. Et hu sech wuel vill Leit vun deenen distanzéiert, déi méi haart wollte virgoen”, analyséiert de Generaldirekter adjoint vun der Police, den Donat Donven.

Geännert hätt sech och, datt d’Aggressivitéit vis-à-vis zu de Policebeamten ofgeholl hätt an datt een elo mat dem Organisateur vun enger bestëmmter Maniff en Uspriechpartner hätt. Sou ka mat dësem an zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an der Police den Oflaf geplangt ginn.

Et wier awer vun Ufank u kloer gewiescht, datt d’Demonstratiouns-Zon just sollt eng temporär Moossnam sinn, fir d’Sécherheet vun alle Bierger ze garantéieren, betount de Policeminister. D’Zon war am Dezember agefouert ginn, nodeems et zu Ausernanersetzunge bei den Demoe géint d’Covid-Mesurë komm war. Manifestanten haten de 4. Dezember d’Chrëschtmäert an der Stad gestiermt a waren op d’Monument vun der Gëlle Fra geklommen. Ma och Stroosse ware wärend Maniffe blockéiert ginn a mat Knupperten war op d’Police geschoss ginn.

De Generaldirekter adjoint vun der Police ënnersträicht, datt een dee Moment, wou d’Aféiere vun der Demonstratiouns-Zon decidéiert gi war, eng komplex Situatioun gehat hätt. Well ee keen Uspriechpartner a keng Umeldung gehat hätt, hätt sech d’Police net kënne gutt genuch preparéieren, fir de Schutz vun Drëtten am Zentrum ze garantéieren. Nom Aféiere vun der Zon huet d’Police eng 14 onugemellte Manifestatioune begleet. D’Demonstratiouns-Zon hätt déi Rou bruecht, déi ee gebraucht hätt, an doriwwer eraus hätten d’Leit och weiderhin kënnen hir Meenung soen, sou déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

De Minister Henri Kox betount, datt och weiderhi keng onugemellten Demonstratiounen erlaabt sinn. Op d’Phenomen vun de sougenannte Spadséiergäng ugeschwat, bei deene sech Leit, déi géint d’Covid-Mesurë sinn, treffen an duerch d’Stad trëppelen, seet den Donat Donven, datt een de Leit dat net kéint verbidden. Soulaang se sech un d’Covid-Mesuren halen a keng Plakater dobäi hunn, wier dat fir hie keng Maniff. Et hätt een de Phänomen awer am Aen, seet den Henri Kox.

Den Donat Donven weist dann och nach drop hin, datt bei den Demoen, déi da vun elo un nees och kënnen am Stadkär ofgehale géingen, muss eng Proportionalitéit agehale ginn. Als Beispill nennt hien, dat net kënnen 20 Leit eng Strooss blockéieren, well se hir Meenung wëlle soen an dofir 1.000 Leit mussen en Detour maachen.

Organisateure vu Fraestreik begréissen d’Decisioun

Nodeem si sech an de leschte Wochen dofir staark gemaach haten, fir den 8. Mäerz op der Gare an an der Stad kënnen ze manifestéieren, dierf hir Maniff en Dënschdeg um 17 Auer ouni spezielle Perimeter stattfannen.

D’Schreiwes vun den Organisateuren

Plateforme Journée Internationale des Femmes
Luxembourg, le 22 février 2022

Communiqué de presse

La grève des femmes* sort du périmètre !

Avant même de rencontrer les représentantes de la plateforme JIF pour une deuxième entrevue, la bourgmestre de la Ville de Luxembourg, ensemble avec le ministre de la Sécurité intérieure et la direction de la Police, ont proclamé la levée du périmètre autorisé de manifestation en place depuis décembre 2021.

D’un commun accord, la bourgmestre de la Ville de Luxembourg, les représentants de la direction de la Police et les représentantes de la JIF ont validé cette après-midi le parcours de manifestation en-dehors du périmètre.

Cette nouvelle réjouit la plateforme JIF qui pourra désormais organiser sa grève des femmes* comme souhaité. Le rendez-vous de départ de manifestation débutera à 17h à la Place de la Gare de la Ville de Luxembourg pour arriver à la Place d’Armes.

A force d’avoir persisté pour obtenir le droit de manifester hors du périmètre, les militante.s. féministes de la JIF ont su rappeler les principes de l’Etat de droit : que la limitation des droits fondamentaux, tels que le droit de manifester ne peut devenir la norme dans une démocratie qui se respecte !

Back to Top
CIM LOGO