Problem zu Lëtzebuerg an am AuslandUkrainesch Sue kënnen net gewiesselt ginn

RTL Lëtzebuerg
Ukrainesch Flüchtlinge kréien d'Boergeld, dat se an hirer Landeswärung mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, den Ament net getosch.
Ukrainesch Sue kënnen net gewiesselt ginn
Ukrainesch Flüchtlinge kréien d’Boergeld, dat se an hirer Landeswärung mat op Lëtzebuerg mat bruecht hunn, den Ament net getosch.

Bei der Flucht hu se missen dat meescht doheem an der Ukrain zréckloossen. Fir sech hei zu Lëtzebuerg dat néidegst ze kafen, ass fir d’Flüchtlingen net einfach. D’Hrywnja, déi ukrainesch Wärung, kann nämlech zanter dem Krichsausbroch net ëmgetosch ginn. Dat ass net just am Grand-Duché de Fall, mee och an aneren europäesche Länner, erkläert den Yves Maas, Generaldirekter vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken a Banquieren zu Lëtzebuerg: “D’Devise war gespaart vum Change an der Ukrain, dunn ass se deelweis erëm liberéiert ginn. Et ass eng grouss Incertitude an de Marchéen an dowéinst ass et extrem schwiereg, dee Cash, deen d’Leit hunn, unzehuelen an zu engem Taux z’echangéieren, wou dir net wësst, ob déi Devise an engem oder zwee Méint nach existéiert.”

Et wier fir dee ganze Banke-Secteur eng onbefriddegend Situatioun, seet de Generaldirekter vun der ABBL. Et bräicht eng concertéiert Aktioun, fir eng europäesch Léisung ze fannen. Dorunner géif déi europäesch Bankefederatioun och mat den Zentralbanken an der Politik schaffen.

Wat d’Liquiditéiten ugeet, hunn déi ukrainesch Flüchtlingen e weidere Problem: fir Iwwerweisungen a Prelevementer hätt déi ukrainesch Regierung Limitte gesat, gëtt de President vun der Associatioun LUkraine ze bedenken. Dobäi kéim, datt et ëmmer méi laang dauere géif, bis déi Betraffen hei am Land regulariséiert wieren. 6-8 Wochen, seet den Nicolas Zharov, duerno eréischt kéinten d’Leit déi finanziell Hëllefe vum Staat kréien.

D’ASBL LUkraine wëll e Solidaritéitsfong opbauen, fir Refugiéë finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, wärend si op hire Statut waarden. Bis dëse steet, kéint et awer daueren. D’ASBL, déi exklusiv mat Benevolle funktionéiert, huet nämlech lo schonn d’Hänn voll ze dinn.

E Bankkonto kënnen déi ukrainesch Flüchtlingen hei am Land opmaachen, si bräichten heifir natierlech e Minimum un Dokumenter, wéi de Pass oder de Certificat mam Statut vun der Protection temporaire, seet den Yves Maas.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO