"Mir wëlle versichen den Drock op d'Banken an d'Post ze verstäerken, datt d'Fraisen erëm zréck geschrauft ginn", dat seet de President vun der ULC, Nico Hoffmann. Mat Hëllef vun enger ëffentlecher Petitioun fuerdert d'Unioun Luxembourgeoise des Consommateurs e Schluss vun der onsozialer an ongerechter Fraisen-Politik hei am Land. Datt dëst nach ëmmer e Suergekand vu ville Leit wier, dat géing d'ULC ëmmer erëm mierken, well vill Consommateure sech dem Nico Hoffmann no hannert d'Liicht gefouert fillen.
Den Nico Hoffmann: An dobäi misst eiser Meenung no de Bankesecteur onbedéngt eppes fir säin Image maachen. Mee, wéi der Iech virstelle kënnt, ass dat de Bänker zimlech egal. D'Haaptsaach ass de Goss dee fléisst.
D'ULC fuerdert ënnert anerem weider gratis, respektiv staark reduzéiert Tariffer un de Guicheten, gesetzlech Bestëmmunge fir d'Leit vu 65 Joer un, an déi à mobilité réduite, fir datt dës d'Operatiounen um Guichet gratis kënne maachen. Eng aner Fuerderung ass déi, datt d'Leit eng Simulatioun kënne maachen.
Den Nico Hoffmann: Wou all eenzele Client op Grond vu senger ganz perséinlecher Situatioun, an hors fonction vu sengen eegene Besoine ka vergläichen, wéi eng Fraisen hie bei wéi enger Bank ze bezuelen huet, respektiv wou hien déi beschten Offer huet.
Et géing jidderee forcéiert ginn, seng Operatiounen en ligne ze maachen, wann ee Sue wëll spueren.
Den Nico Hoffmann: Et gëtt also net méi gekuckt op een iwwerhaapt en E-banking huet, ob een domat kann ëmgoen an iwwerhaapt wëll seng Operatiounen iwwert den E-Banking maachen. Et gëtt net no den eelere Leit gekuckt, net no de Personnes à mobilité reduite, a sou kéint ech weider fueren.
Vu Säiten vun der Politik wier bis ewell keng Reaktioun komm.
Den Nico Hoffmann: Dofir kéint een sech munchmol froen wéi eng Interessie si iwwerhaapt vertrieden, vu wiem sinn eigentlech dohi gesat gi sinn, vu wiem se gewielt gi sinn.
D'ULC huet wëlles an den nächste Wochen sech an deem Dossier komplett ze mobiliséieren a méiglechst vill Ënnerschrëften, fir d'ëffentlech Petitioun ze sammelen.