AMMDUltimatum un d'Regierung gëtt bis Juni verlängert

RTL Lëtzebuerg
Obwuel all d'Parteien an dësem Konflikt matenee kommunizéieren an och un engem Dësch souzen, sinn nach net all d'Froe gekläert an d'Problemer geléist.
AMMD verlängert Ultimatum un d'Regierung bis Juni
E Mëttwoch ass den Ultimatum ofgelaf, deen d’Dokteren der Regierung gestallt hunn. Ee vun den Haaptpunkte betrëfft eng 4-Milliounen-Euro-Software.

AMMD-Ultimatum nach net vum Dësch / Reportage Dany Rasqué

E Mëttwoch ass den Ultimatum ofgelaf, deen d’Dokteren der Regierung gestallt hunn. Ee vun den Haaptpunkte betrëfft eng Software, déi d’Doktere fir 4 Milliounen Euro entwéckele gelooss hunn. Dës Applikatioun géif vu staatlecher Säit ausgebremst ginn, esou de Reproche. D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren hat domadder gedreet, fir aus enger Rei Konventioune mat der CNS erauszeklammen a sech aus alle Kommissiounen zeréckzezéien. E Mëttwoch den Owend souz d’AMMD mat eSanté zesummen, fir no Léisungen ze sichen.

No der leschter Generalversammlung, wou den Ultimatum decidéiert gouf, hunn d’Ministere Lenert an Hagen Post vun der AMMD kritt. E Bréif mat 30 Froen. En Dënschdeg hunn d’Gesondheetsministesch an de Minister vun der Securité sociale hir Äntwerten un d’Doktere geschéckt, den Dag drop gouf nach emol iwwert dës App geschwat. Den Ultimatum wier awer nach net ganz vum Dësch, esou den Dr Philippe Wilmes. Den Ultimatum gëtt elo emol verlängert bis an de Juni, do huet d’AMMD dann hir nächst Generalversammlung.

Esou ganz zefridde wier nach net mat den Äntwerten, déi ee krut, seet d’AMMD. E Mëttwoch de Mëtten hat d’Doktesch Associatioun en Entrevue mat der Agence eSanté.

Gestridde gëtt ënnert anerem iwwert d’Digitalisatioun am Gesondheetsberäich. D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun setzt op den DHN, den Digital Health Network. Hir Gesondheetsapp kann all Bierger eroflueden a fräi notzen. D’CNS, also d’Gesondheetskeess, huet awer via d’Agence eSanté en anert Konzept ausgeschafft. Den Dossier de soins partagés, kuerz DSP. Bis ewell konnt sech net op een eenzegt Konzept gëeenegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO