
Nodeems e Mann géint 18 Auer zu Maacher op engem Bancomat Suen opgehuewen hat, gouf hie vun enger friemer Persoun ugeschwat. Deen huet behaapt 20 Euro am Apparat vergiess ze hunn. De Mann gouf an e Gespréich verwéckelt an huet seng Kaart nach emol um Bancomat benotzt. Kuerz Zäit drop huet hie bemierkt, dass seng Kaart fort war an nach emol Suen opgehuewe gi waren.
Täterbeschreiwung:
Den Onbekannten ass gouereg, ass tëscht 25 an 30 Joer al, huet Franséisch geschwat an hat eng schwaarz-gro Kap, eng däischter Jackette an eng schwaarz Box un. D'Dot war géint 18 Auer op der Place du Marché zu Gréiwemaacher.
Ähnlech war et engem Mann zu Diddeleng ergaang, dat géint 14 Auer. Och hei gouf d'Affer fir d'éischt an e Gespréich verwéckelt, krut d'Kaart geklaut an hat duerno manner Suen um Kont. Den Täter war, wéi d'Police schreift, "gutt" ugedo.
D'Police weist op hirem Site drop hin, wéi ee sech virun esou Dote schütze kann.