Fir eeler LeitUm digitale Wee géint Isolatioun

RTL Lëtzebuerg
Ënnert der Pandemie leide wuel virun allem eeler Leit, well de Virus grad fir si ka liewensgeféierlech ginn.

Net just d'Leit an den Altersheemer hu manner sozial Kontakter, mä och déi Leit, déi eleng doheem liewen.

Dem Club-Haus op der Heed vun Hëpperdang ass opgefall, datt dës Mënschen op eng gewësse Manéier duerch de Raster falen. An den Altersheemer konnten d'Bewunner alt emol mat hire Famillje "skypen", mä eeler Leit, déi doheem sinn, hunn dacks mol keen Internetuschloss.

D'Club-Haus op der Heed, dat an normalen Zäiten Aktivitéite fir Senioren organiséiert, huet dofir Tablette kaaft a stellt de Leit déi zur Verfügung. Een dovunner huet d'Irène Thilmany. Am Ëmgang mat deem Apparat ass si längst e Profi, dovunner konnte mer eis iwwerzeegen, wéi mer en Interview iwwer Skype gemaach hunn.

"Ech ka meng Kanner kucken, ech kann d'Enkelkanner kucken, si kënne mir Fotoe schécken an ech kann hinnen der schécken."

D'Irène Thilmany ass begeeschtert a fir si huet den Tablet och ganz kloer ee grousse Virdeel am Verglach mam Telefon.

"Ech war ëmmer gewinnt, wann ech mat engem schwätzen, kucken ech ee gär an d'Gesiicht. Dat ass méi flott. Dann ass een net eleng. Dann ass een do. Wann s de einfach nëmmen telefonéiers oder schreifs, da gesäis de deen aneren net. Et ass awer keen esou ee Kontakt, wéi wann een deen anere gesäit."

Vun deenen 8 Tabletten, déi d'Club-Haus op der Heed huet, hunn der schonn e puer de Besëtzer gewiesselt, heiansdo hunn d'Leit en neit gewollt oder si hu sech en eegenen Tablet kaaft.

Wien ee géif kréien, dee Choix hunn déi Responsabel aus dem Club-Haus gemaach, seet d'Chargée de Direction, d'Tania Draut. Et hätt och net jidderee sech dat zougetraut.

"Et sinn anerer, déi gesot hunn, mir kënnen dat schonn. Dat war och fir eis ganz intressant ze gesinn, datt een, och wann een d'Leit kennt, net ëmmer dat richtegt Bild vun hinnen huet. Dann hat een een um Telefon, dee wäit an déi 70 ass a seet oh Mamm Tablet, kee Problem. Hunn ech. Internet doheem maachen ech scho laang. Da sinn anerer, déi et probéiert hunn, well se Ënnerstëtzung vun eis kruten. Dunn huet sech dat erëm geschwat an du gouf et e Selbstläufer."

Déi Responsabel aus dem Club-Haus hunn d'Tabletten installéiert a ganz bewosst am Ufank och net vill Applikatiounen drop gemaach.

"Mer hunn de Skype drop gesat, datt se skypë kéinten, mer hunn d'RTL-App drop gesat, fir d'Noriichte vu Lëtzebuerg ze kréien an de Leit erkläert, datt een och Radio iwwert den Tablet lauschtere kann. D'Wieder ass ëmmer drop."

D'Mataarbechter aus dem Club-Haus hëllefen de Leit, wa se Froen hunn, si hunn hinnen natierlech och déi éischte Kéier erkläert, wéi alles géif fonctionéieren an da si jo och nach d'Kanner an d'Enkelkanner do.

"De Jong huet mer et elo schéin op en Ziedel geschriwwen. Do steet drop, wéi e Knäppchen ech muss drécken, wann ee mech urifft, wou ech muss drécken, wann ech wëll uruffen. Elo geet et, elo ass et am Computer."

An elo intresséiert sech d'Irène Thilmany och sou lues fir aner Saachen, déi ee mat esou engem Tablet ka maachen, fir d'Spiller zum Beispill.

"Dat ass da mat der Kaart, Patience fir ze leeën. Ech hunn awer nach net domadder gespillt. Ech probéieren dat awer elo och nach. Lo kommen déi Wanterméint, dann ass et ëmmer däischter, dann ass ee frou, wann een eppes huet, fir ze maachen."

D'Irène Thilmany ass sech sécher, wa si den Tablet erëm eng Kéier muss zeréckginn, da kritt si hiren eegenen.

Finanziell gouf d'Club-Haus op der Heed bei dësem Projet iwwregens vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO