Wéi geet et den 1. September virun?Um Tankrabatt scheede sech d'Geeschter

Marc Hoscheid
Wärend ADR an CSV fir eng Verlängerung vum Tankrabatt plädéieren, sinn d'Piraten, DP, LSAP an déi Gréng der Meenung, datt et besser Alternative ginn.

Enn August leeft den Tankrabatt vu 7,5 Cent um Liter of. Vum 1. September un dierft de Sprit also nach eng Kéier ee gudde Krack méi deier ginn. Ob et sënnvoll ass dës Mesure auslafen ze loossen, wéi eng déi besser Alternative sinn a wéi een d’Bierger generell entlaaschte kann, do ginn d’Meenungen tëscht de Parteien auserneen.

Um Tankrabatt scheede sech d’Geeschter - Rep. Marc Hoscheid

An dobäi verleeft d’Trennlinn net réng tëscht Regierung an Oppositioun. Wärend ADR an CSV fir eng Verlängerung vum Tankrabatt plädéieren, sinn d’Piraten wéi DP, LSAP an déi Gréng der Meenung, datt et besser Alternative ginn. Schonn en Donneschdeg de Mëtten huet den CSV-Deputéierte Marc Spautz kritiséiert, datt den Tankrabatt net verlängert gëtt, obscho vum 1. September u keng alternativ Mesuren a Kraaft trieden. An dësem Dossier hätt d’Regierung geschlof. Och hie wier kee grousse Frënd vum Tankrabatt, mee e wier besser wéi näischt a sollt als Tëscheléisung a Kraaft bleiwen. Bei der ADR ass een iwwerdeems iwwerzeegt vum Tankrabatt, wéi de Jeff Engelen betount.

Jeff Engelen:“Mir sinn ëmmer do derfir gewiescht an hunn an de leschte Joren ëmmer erëm Motiounen an deem Sënn agereecht. Awer déi sinn ni ugeholl ginn. Den Detail misst ee kucken, mee ech géing mengen e sollt bis Enn vum Joer bleiwen, well Stand elo gesäit et net sou aus, wéi wann d’Situatioun besser gëtt. An den Nopeschlänner gëtt den Tanktourismus och praktizéiert, da sollte mir net méi helleg si wéi de Poopst.”

Ganz anescht gesäit een dat bei de Piraten. Dem Marc Goergen no wier d’Wierkung vum Tankrabatt nämlech guer net esou grouss.

Marc Goergen:“75 Prozent vun deene 7,5 Cent um Liter ginn einfach an d’Ausland. Dat si lëtzebuergesch Steiergelder, déi einfach mol an d’Ausland verdeelt ginn. Mir hätte gären ee System vun engem Kredit fir d’Ëmwelt. D’Stéit sollen all Mount 100 bis 150 Euro Energiegeld kréien an dat gezielt asetzen.”

Déi Lénk haten op Twitter geschriwwen, dass si et “flott” fannen, dass de Vizepremier François Bausch endlech d’Fuerderung vun Déi Lénk géif ënnerstëtzen. Dobäi geet et ëm e sozial gestaffelt Energiegeld. Si betounen awer, dass d’Energiegeld misst zesumme mam Index kommen, an net amplaz dovun.

De grénge Mobilitéitsminister François Bausch hat e Mëttwoch op eiser Antenn scho vun Energiegeld oder Energieschecke geschwat. Näischt Neies fir d’LSAP... den Norddeputéierte Carlo Weber ënnersträicht, datt ee bei de Sozialiste scho virun engem hallwe Joer d’Iddi vun Energiebongen an d’Spill bruecht huet. Deemools hätt een iwwert 500 Euro nogeduecht. Déi Zomm wier zwar net héich genuch, mee een Ufank. Et misst een zudeem kucken, datt déi schmuel Schëllere méi entlaascht gi wéi Groussverdénger. De Max Hahn vun der DP verweist sengersäits op aner sozial Mesuren, déi d’Regierung ëmgesat hätt.

Max Hahn:“Ech denken un d’allocation de vie chère, déi erhéicht an een Energiegeld agefouert ginn ass. Awer och un de crédit d’impôt, deen notamment fir déi sozial schwaach awer och fir d’Mëttelverdénger agefouert ginn ass a substanziell Entlaaschtunge mat sech bruecht huet.”

Ugeschwat op weider Mesuren, déi d’Leit entlaaschte kéinten, fuerdert d’CSV eng Upassung vun de Steiertabelle grad bei der Mëttelschicht, an datt keng weider Indextranche verréckelt gëtt. D’Pirate verlaangen, datt d’TVA vu 17 op 15 Prozent erofgeet a bei de Liewensmëttel op Null gesat gëtt. Bei der ADR wéilt ee virum allem bei der Energie usetzen. Sou sollt d’TVA an deem Beräich bei dräi Prozent leien.

D’Vertrieder vun de Majoritéitsparteien soten op d’Tripartite ugeschwat, et wéilt een de Verhandlungen tëscht de Sozialpartner net virgräifen. Et bleift déi nächst Wochen iwwer also weider spannend.

Back to Top
CIM LOGO