
De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet RTL géigeniwwer confirméiert, dass et eng cheemesch Veronrengegung am Kanal gouf. Dat huet eng spezialiséiert Ekipp vum CGDIS um Dënschdeg festgestallt. Awunner hate sech beklot, dass et no Gas géif richen. Et gëtt awer elo Entwarnung: Eng Fuitte oder generell d’Presenz vu Gas konnt ausgeschloss ginn.
Verschidde Stroosse wiere betraff, dorënner ënnert anerem d’Rue des Fleurs, d’Rue basse an d’Rue du Fossée.
De Buergermeeschter huet erkläert, dass am Laf vum Mëttwochmoien de Kanal géif vun de Gemengen-Ekippe gebotzt ginn.
An der Schëfflenger Märei wier een dono frou gewuer ze ginn, ob de Geroch nach do ass oder net. Dofir kann ee sech bei der Gemeng mellen.