Ouschterbotz am Réidener KantonUseldenger Schlass: Fontana di Trevi "de luxe"

Monique Kater
D’Ouschterbotz am Useldenger Schlass ass eng Traditioun, déi och d’Geschicht vun engem Hexeprozess erzielt.
Ouschterbotz am Réidener Kanton
Wann ee vun Tourismus am Réidener Kanton schwätzt, kënnt ee kaum laanscht Useldeng a säi Schlass aus dem 11. Joerhonnert. Do gouf elo gebotzt.

De Groupe Spéléologique de l’Attert ass zënter 25 Joer virun Ouschteren zu Useldeng am Asaz a botzt de Pëtz, an deen d’Touristen, grad ewéi an d’Fontana di Trevi zu Roum, Mënze geheien, fir Chance am Liewen ze hunn.

Normalerweis klammen d’Hielefuerscher eben an Hielen, zum Beispill an d’Mamerleeën tëscht Miersch a Keespelt oder an d’Minièren.

D’Ouschterbotz am Useldenger Schlass ass eng Traditioun, déi och d’Geschicht vun engem Hexeprozess erzielt. Eng Damm vu Rippweiler war am Pëtz agespaart, well e Geriicht se 1623 als Hex verurteelt hat. D’Urteel géint d’Katarina Theis vu Rippweiler gouf zwar opgehuewen. D’Hex, déi keng war, ass awer kuerz nodeems se aus dem Pëtz eraus war gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO