
D’Usträicheraarbechte vun der Rouder Bréck sinn an der leschter Phas an dierften aller Viraussiicht nach fir de Kollektivcongé dëst Joer am August fäerdeg ginn. Dat äntwert de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty.
Den Deel un de Stëtze vun der Bréck ass am Juni fäerdeg ginn an de leschten Deel ënnert der rouder Bréck, säitens dem Eecher Bierg, ass dunn ugefaange ginn, präziséiert de Minister.
Eigentlech hätten d’Aarbechten um Pont Grande-Duchesse Charlotte jo scho sollten am Fréijoer d’lescht Joer fäerdeg ginn, ma duerch d’Pandemie, engem Mangel u Matières-premièren an och vill Onwiedere mat staarkem Wand wieren d’Aarbechten ëmmer nees ënnerbrach ginn.