
Am Interview mam Paperjam gëtt de Fernand Heinisch vun der Unioun vun de Vakanzen-Agencen ze bedenken, datt eng Participatioun um Vakanzen-Salon sech fir d’Exposanten net géif rechnen, fir Fraisen, déi fir e Stand tëscht 30.000 an 150.000 Euro géife leien, misst ee vill Reese verkafen, fir op seng Käschten ze kommen.
Deemno ass eng Re-Editioun vun der Tourismus-Foire wuel gestuerwen, ëmmerhin hat dës Foire soss traditionell am Januar eng 200 Exposanten a bis zu 30.000 Visiteuren op 3 Deeg gezielt.