Schwämm moderniséierenVeianer Gemengerot mécht sech Suergen iwwer de Finanzement

RTL Lëtzebuerg
Den Tourismusminister hätt eng grouss Onsécherheet kreéiert, well hien de Projet vun der Piscine an den nächste 5-Joresplang geréckelt hätt.
© RTL Archivbild

An engem Communiqué bedauert de Veianer Gemengerot, dass d’Ministere Georges Engel (Sport) a Lex Delles (Tourismus) an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV keng präzis Informatiounen iwwer d’staatlech Subventioune fir dëse Projet ginn hätten. Den Tourismusminister hätt eng grouss Onsécherheet kreéiert, well hien de Projet vun der Piscine an den nächsten 5-Joresplang geréckelt hätt. Mam neie Gesetzprojet kéim eng grouss Dokumentatiounsaarbecht op d’Gemeng duer, fir iwwerhaapt ze wëssen, wat d’Regierung da prett wär, ze subventionéieren. Domat géif de Minister Delles de Finanzement op wackeleg Bee stellen, well déi Etüden deier wären, esou de Gemengerot. Ouni Bedeelegung vum Staat wär de Projet, fir d’Schwämm ze moderniséieren, net ze realiséieren, heescht et. Et rechent ee mat Käschten an Héicht vu 15,5 Milliounen Euro.

RTL-NEWS: Wat gëtt aus der Schwämm zu Veianen?

PDF: Schreiwes vum Veianer Gemengerot

Back to Top
CIM LOGO