Et schéngt awer esou ze sinn, datt d’Piscine an der Lëtzebuerger Touristenhéichbuerg zou bleift, wann de Staat der Gemeng net substantiell ënnert d’Äerm gräift. Fir de Veianer Buergermeeschter ass d’Schwämm keng lokal Attraktioun, mä eng regional Infrastruktur, déi fir d’ganzt Land intressant ass. Se ass am September virun 3 Joer, no der Saison, zougemaach ginn an zënterhier net méi opgaangen.
Knapp 10 Milliounen Euro hätte missten investéiert ginn, fir ze sanéieren. Dat heescht, fir erëm Basengen ze hunn, déi dicht sinn, mat enger Heizung déi funktionéiert a wou all d’Sécherheetsnormen respektéiert ginn. Domadder wier déi oppe Schwämm dann erëm just um Niveau vu viru 50 Joer, seet de Buergermeeschter Claude Tonino an dat géif net vill Sënn maachen.
Et wëll een op de Wee vun enger nohalteger a moderner Piscine goen, déi méi wéi 3 Méint d’Joer op wier. Allerdéngs géif eleng d’Infrastruktur 15 bis 16 Millioune Euro kaschten: “Do ass geplangt méi grouss Rutschen vun deem ieweschten Niveau iwwert déi ganz Wiss ze bauen. De Sportbecken, dee bleift esou bestoen an deenen olympesche Moossen, fir kënne Coursen a Concoursen ze maachen. Et kënnt eng Klammmauer dohinner, et kënnt e Sprangtuerm dohinner, et kënnt e Beräich fir d’Taucher dohinner.”
D’Veianer Gemeng huet beim Tourismusministère a beim Sportsministère ugeklappt, fir finanziell gehollef ze kréien. An Zäiten, wou een och nach misst eng Kläranlag bauen, eng Maison relais, e Centre médical an un der Seelbunn schaffen, géif et net anescht goen: “Mir hoffen, datt déi zwee Ministeren do kënnen op eis duer kommen an eis eng Propose maachen, fir d’Schwämm erëm kënnen opzemaachen, well eleng packe mir dat do sécher net.”
Op eis Nofro hin äntwert de Sportsministère, datt en extraordinäre Subsid fir d’Gemeng Veianen virgesi wier, allerdéngs kéint een den Ament nach net soen, wéi héich dee wier, well d’Gesetz fir den nächste 5 Joresplang nach am Gaang wier, finaliséiert ze ginn.
D’Generaldirektioun fir Tourismus géif maximal 50 Prozent iwwerhuelen. Méi ass an hirem Plan quinquennal fir eng Schwämm net virgesinn.
Fir d’Gemeng geet dat net duer.
De Buergermeeschter erënnert drun, datt bei d’Käschten fir d’Infrastruktur och nach d’Planungskäschten an d’Betribskäschte kommen.
Alles an allem géif een esou op 8 bis 900.000 Euro d’Joer kommen. Dat wier en Drëttel vum extraordinäre Budget a fir eng kleng Gemeng wéi Veianen net ze maachen.