Am LokalenVéier Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonnen huet et op e puer Plazen am Land gerabbelt. De CGDIS mellt 4 Blesséierter.
© CGDIS

Géint 18.28 Auer ass tëscht Angelduerf an dem Fridhaff en Auto géint e Luuchtepotto gerannt.

Op der Route de Longwy zu Rodange krut kuerz virun 20 Auer en Auto en anert Gefier ze paken, dat op der Strooss geparkt war.

An der Nuecht op e Samschdeg ass tëscht Houschent a Mierschent en Auto an d’Schleidere geroden an doropshin ëmgetippt.

E Samschdeg de Moien um 9.40 Auer ass en Automobilist tëscht dem Schlammestee a Fréiseng mat engem Bam kollidéiert.

An alle Fäll gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO